Summeracademy, 2-6 September.

Montag, 2. September 2024 - Freitag, 6. September 2024

De Centre Cinqfontaines organiséiert dëst Joer seng éischt Summeracademy.

Wärend 5 Deeg gi Jonker am Alter tëscht 18 a 26 Joer  vu professionelle Kënschtler begleet fir hier Iddien ëmzesetzen an e ganze Raum ze gestalten.

Déi Jonk kënne wielen, ob si am Beräich Medien, Urban Arts oder Fotografie schaffen. Hiere Liewenswee, hier Erfarungen an d’beweegend Geschicht vu Cinqfontaines benotze mir als Grondlag (www.cinqfontaines.lu).

Um Schluss vun der Summeracademy organiséiere mir eng Expo, bei där d’Resultater presentéiert ginn.

  • Datum: 02. September bis 06. September 2024.
  • Treffpunkt: Méindes 02. September 2024 um 9 Auer zu Cinqfontaines
  • Adress: 2, Klousterstrooss L-9902 Cinqfontaines
  • Participatioun: 219€ oder 267€ mat Iwwernuechtung (optional)
  • Datum fir d’ Expo: 06. September 2024 ab 17 Auer zu Cinqfontaines – Dësen Datum kënnt dir iech gär och scho vermierken, dir sitt häerzlechst agelueden!

D’Umeldung leeft iwwert follgende Link: https://www.snj.public.lu/summeracademy/   oder de QR um Poster.

Summeracademy, 2-6 September.